
An der slowakescher Haaptstad konnt de Lëtzebuerger Champion an der 22. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung goen. De Stolz huet fir de Swift vum Punkt markéiert. Nëmmen 2 Minutte méi spéit konnt de Weiss allerdéngs fir d’Heemekipp ausgläichen.
Duerno war de Match gréisstendeels ausgeglach. Dat obwuel d’Heemekipp no enger rouder Kaart fir de Kucka an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent an der zweeter Hallschent e Mann manner um Terrain hat.
D’Partie ass schliisslech mat 1:1 op en Enn gaangen.