
De 46 Joer ale Fangueiro war virdrun 3 Joer Trainer beim F91 an huet eemol de Championstitel mat deenen Diddelenger realiséiert. Dëse Méindeg geet um Holleschbierg den Training fir déi nei Saison schonn un. Hesper spillt jo Mëtt Juli an der Champions-League-Qualifikatioun.
Nieft dem neien Trainer Carlos Fangueiro, dee vun Diddeleng op Hesper gewiesselt ass, huet de Swift awer och bei de Spiller anstänneg an der Forge du Sud akaaft. Vum F91 kommen den Dejvid Sinani, den Aldin Skenderovic an de Charles Morren bei de Champion. Da wiesselt och nach den Davis Spruds vum Rousperter Camping op den Hesper Holleschbierg.