Am Summer goufen et eng Rei Changementer um Holleschbierg a fir sech optimal ze preparéieren, huet d’Ekipp vum neien Trainer Carlos Fangueiro de leschte Samschdeg nach e Frëndschaftsmatch géint Munneref gespillt. De Sam Rickal war fir eis mat dobäi an huet de Bols virun engem vun de gréisste Matcher an der Veräinsgeschicht gefillt.
9 Ofgäng an 8 nei Spiller, donieft och en neien Trainer mam Carlos Fangueiro. Dat ass den Hesper Bilan an dësem Summer. Eng Rëtsch Stammspiller hunn de Veräin verlooss, wéi zum Beispill de Mehdi Terki an de Rayan Philippe. Mam Dejvid Sinani an dem Aldin Skenderovic konnt ee béid Spiller nominell gutt ersetzen, trotzdeem war et schwéier, sech an der kuerzer Preparatioun zesummenzefannen an déi nei Consignen ëmzesetzen.
Mam slowakesche Rekordchampion huet ee warscheinlech dee stäerkstméigleche Géigner aus dem Lous-Dëppen erwëscht. Mam Vladimir Weiss, dem Juraj Kucka an dem Kevin Wimmer huet Bratislava 3 Spiller am Kader, déi scho bei internationalen Top-Ekippen ënner Kontrakt waren. Mee och mam fréiere slowakeschen Nationaltrainer Vladimir Weiss, dem Papp vum Spiller Vladimir Weiss, huet ee vill Erfarung un der Ausselinn stoen.
Datt um Holleschbierg d’Riedercher awer schonn aneneegräifen, konnt een e Samschdeg gesinn. Um Enn konnt sech de Champion 5:0 géint Munneref duerchsetzen an et hat een d’Impressioun, wéi wa sech de Grupp scho gutt agespillt hätt. E Mëttwoch um 20.30 Auer steet dann awer een anere Géigner op der anerer Säit an et däerf ee gespaant sinn, wéi sech de Swift do aus der Affär zitt.
An der Conference League spillt e Mëttwoch den Owend um 19.30 Auer och nach Diddeleng heiheem géint Saint Patrick’s Athletic aus Irland an en Donneschdeg kritt et de Progrès Nidderkuer heiheem mat Giljani aus dem Kosovo ze dinn.
Primär ass fir den F91 Diddeleng natierlech de sportleche Interêt ganz wichteg. Et ass awer och esou, datt de finanziellen Aspekt ganz interessant ass. Fir de Sport-Direkter vum F91, de Manou Goergen, wier et dofir wichteg, een Tour weiderzekommen.
Elo am éischten Tour kréien déi Diddelenger 150.000 Euro vun der UEFA. Am zweeten Tour kéimen dann direkt 350.000 Euro dobäi.