
Am Allersmatch zu Bratislava konnt ee sech ee Remis erkämpfen. Am Retourmatch hat Swift dunn awer déi manner gutt Chancen.
Direkt no 9 Minutte gouf et schonn déi éischt giel Kaart fir de Vladimir Weiss, ma den Dominik Stolz huet de Penalty verschoss. Déi nächst giel Kaart goung un déi aner Säit, de Martins.
Mat 0:0 ass et an d’Paus gaangen, déi de Géigner genotzt huet. An der 55. Minutt gouf et den 0:1 a kuerz drop dunn déi 3. giel Kaart vum Match. Dës Kéier nees un d’géigneresch Säit. De Match decidéiert huet an der 62. Minutt en zweete Gol duerch de Vladimir Weiss, deen e Penalty ëmgesat huet.
An der 90. Minutt gouf et dunn déi 3. giel Kaart fir Slovan Bratislava an no 6 Minutte Nospillzäit gouf ofgepaff. Swift Hesper rëtscht domat erof an déi zweet Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun a muss do géint The New Saints FC aus Wales spillen.