
Den Däitsche souz zanter Januar 2021 op der Trainerbänk vun de Blues an huet 2021 d’Champions League gewonne mam FC Chelsea. Dës Saison leeft et aktuell awer nach net gutt. Zwou Néierlagen am Championnat an en Dënschdeg den Owend eng 0:1-Néierlag an der Champions League géint Dinamo Zagreb. Op dës Resultater huet de Veräin elo reagéiert a sech vum Thomas Tuchel getrennt. Och hei ass nach net gewosst, wien den Trainerposten iwwerhuele wäert.