Lëtzebuerger Golkipp bei Erzgebirge AueTim Kips spillt och déi nächst Saison an der drëtter Liga

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger huet fir eng weider Saison beim FC Erzgebirge Aue ënnerschriwwen.
© FC Erzgebirge Aue

An der Saison 2023/24 huet den Tim Kips 2 Matcher fir den FCE gespillt. Den Ersatz-Golkipp wiesselt sech mam Louis Lord op der Bänk of. Um Internetsite vum Veräin erkläert de Manager Matthias Heidrich, dass ee ganz zefridde mat de Leeschtunge vum 23 Joer ale Spiller wier.

Den éischte “Keeper” bleift och déi nächst Saison de Martin Männel, deen och de Kapitän vun Erzgebirge Aue ass.

© FC Erzgebirge Aue

Back to Top
CIM LOGO