
32 Ekippe kämpfen och dës Saison ëm den Titel an der Kinneksklass. En Donneschdeg goufen d’Ekippen an 8 Gruppen agedeelt.
Titelverdeedeger ass Manchester City. Den englesche Champion kritt et am Grupp G mat Leipzig, Belgrad an de Young Boys Bern ze dinn. De schwéierste Grupp ass à priori den F, dat mam PSG, Dortmund, AC Milan an Newcastle United.
Grupp A
Bayern
Manchester United
Kopenhagen
Galatasaray
Grupp B
FC Sevilla
Arsenal
PSV Eindhoven
Lens
Grupp C
Neapel
Real Madrid
Braga
Union Berlin
Grupp D
Benfica Lissabon
Inter Mailand
Salzburg
Real Sociedad
Grupp E
Feyenoord
Atlético Madrid
Lazio Roum
Celtic
Grupp F
Paris SG
Dortmund
AC Mailand
Newcastle
Grupp G
Manchester City
Leipzig
Roude Stär Belgrad
Young Boys Bern
Grupp H
Barcelona
Porto
Schachtar Donezk
Antwerpen
D’Gruppephas fänkt den 19. September un. D’Aachtelsfinalle starten den 13. Februar 2024. D’Véierelsfinalle ginn iwwerdeems vum 9. Abrëll 2024 u gespillt. D’Halleffinalle fänken den 30. Abrëll 2024 un. D’Finall ass den 1. Juni 2024 am Wembley-Stadion zu London.