BGL LigueTitus Péiteng trennt sech vum Trainer Nicolas Grézault

RTL Lëtzebuerg
No 3 Néierlagen aus de leschten 3 Matcher zitt de Fusiounsveräin e Schlussstréch. Dëst hu si e Mëttwoch den Owend bekannt ginn.
© Val Wagner (Archiv)

Deemno sollen den Ex-Spiller Yannick Kakoko an de Golkipptrainer Landry Bonnefoi als Interimstrainer iwwerhuelen.

No 21 Spilldeeg steet d’Ekipp ëm den Artur Abreu op der 12. Plaz, knapp virun der éischter Barrageplaz.

Am Kampf ëm de Klassenerhalt geet et fir Titus Péiteng e Samschdeg géint den direkte Konkurrent Hueschtert.

Den Iwwerbléck vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO