Portugal géint LëtzebuergTop Stëmmung trotz schlechtem Wieder

RTL Lëtzebuerg
9.000 Leit hu sech um Sonndeg am Stade de Luxembourg versammelt, fir den EM-Qualifikatiounsmatch tëscht Lëtzebuerg a Portugal ze suivéieren.
Portugal géint Lëtzebuerg: Top Stëmmung trotz schlechtem Wieder
9.000 Leit hu sech um Sonndeg am Stade de Luxembourg versammelt, fir den EM-Qualifikatiounsmatch tëscht Lëtzebuerg a Portugal ze suivéieren.

Am Virfeld vun der Partie hate sech allerdéngs och schonn eng sëllege Fans virum Hotel vun der portugisescher Ekipp zesummefonnt. Si all wollten hire Liblingsspiller eng Kéier a Realitéit gesinn, och wa se keen Ticket méi fir de Match konnten ergatteren.

Nieft de Spiller waren och de portugisesche Premierminister an de portugisesche President op Besuch. Mir hunn déi zwee begleet an dem Staatschef och nach e puer Wierder op Lëtzebuergesch bäibruecht.

Back to Top
CIM LOGO