En Dënschdeg ass den Optakt vun den 1/8-Finallen an der Champions League an do kënnt et direkt zu engem Toppmatch.
Paris Saint-Germain mam Lionel Messi kritt et mat Real Madrid ze dinn. E Méindeg huet sech den Tabellenéischten aus dem spuenesche Championnat op de Wee a Richtung Paräis gemaach an den Trainer Carlo Ancelotti kann nees op säi Stiermer Karim Benzema zielen. Den 13-fache Champions-League-Gewënner brauch och de 34 Joer ale Stiermer, wann de Real sech géint de PSG wëll behaapten.
“De Benzema ass jo net nëmmen e Buteur, mä haaptsächlech och de Mann vun der leschter Pass, dee seng Matspiller an Evidenz setzt. Dat war ee gewinnt déi Zäit vum Cristiano Ronaldo. Duerno huet hie praktesch fir 2 Saison d’Kar eleng gezunn, dat muss ee ganz kloer esou soen. Ob een hie gär huet oder net, ass de Benzema awer aktuell de komplettste Stiermer.”
Gutt Stiermer huet och de PSG. Mat Messi an Mbappé, fir der nëmmen 2 ze nennen, huet de Veräin aus der franséischer Haaptstad net nëmmen eng enorm Qualitéit am Stuerm, mä och an der Breed. Opgrond vun de Resultater vun de leschte Wochen ass fir de Paul Philipp an dësem Duell de PSG de Favorit.
“Ech hunn de Real elo déi lescht Zäit suivéiert. Ech hu fonnt, dass den Equiliber net méi esou do ass. Haaptsächlech déi 3 an der Mëtt mat Kroos, Casimiro an Modric, déi eng fantastesch Karriär gemaach hunn an nach maachen. Mee beim Kroos a Modric mierkt een, dass wa si ënner Drock gesat ginn, kréie si et ëmmer méi schwéier.”
Schwéier gedoen huet sech de Weekend och Bayern München géint Bochum. Den däitsche Rekordchampion kritt et e Mëttwoch mat Salzburg ze dinn, wou mat grousser Warscheinlechkeet eng Reaktioun, no dëser Defaite an der Bundesliga, vun der Ekipp vum Julian Nagelsmann wäert kommen.
“Et ass reagéiert gi vum Trainer an der Hallschent, mä do stoung et schonn 1:4 an du war et ze spéit. Den Nagelsmann huet et och selwer zouginn, an dat éiert en, dass de Plang A net gegraff huet an de Plang B war mindestens mat zwee 6er ze spillen, wann ee mat 4 esou offensive Leit spillt, wéi Bayern dat gemaach huet, muss een déi Raim hannert hinnen ofdecken. Dat hu se déi zweet Hallschent besser gemaach, sinn nach emol erukomm, mee d’Kar louch dunn am Dreck.”
Eng Ännerung gëtt et an dëser Saison vun den 1/8-Finallen un. D’Auswäertsgoler zielen nämlech net, wat d’Partië spilleresch méi intressant soll maachen.
“Et muss een domat rechnen, dass et eng Partie méi Verlängerunge wäert ginn an eventuell och Eelefmeterschéissen an dësen 1/8-Finallen.”
A wéi sech Real Madrid géint de PSG a Bayern géint Salzburg aus der Affär zitt, gesitt dir en Dënschdeg respektiv e Mëttwoch vun 20.45 Auer u live op RTL ZWEE.