Zwee Spilldeeg virum Playoff stinn d’Lëtzebuerger op der zweeter Plaz an der Tabell, 4 Punkte virum direkte Verfolger Evry 2.
Wann den Tornado um Enn op der zweeter Plaz bleift, gëtt de Lëtzebuerger Äishockey-Club direkt an d’Aachtelsfinalle vun de Playoffe gesat.
Wéi et vun offizieller Säit heescht, waren eng 800 Spectateuren e Samschdeg den Owend beim Derby tëscht dem Tornado a Metz mat dobäi.
Den nächste Weekend steet schonn deen nächsten Derby um Programm. An der Luxembourg Hockey League spillt den Tornado géint d’Beefort Nights.