ÄishockeyTornado schléit mat enger iwwerzeegender 5:1-Victoire géint Courbevoie zeréck

RTL Lëtzebuerg
Virun enger fantastescher Kuliss vu méi wéi 950 begeeschterte Spectateuren am Hexekessel vun der Kockelscheier huet Tornado Lëtzebuerg endlech erëm zu sengem Spill fonnt a Courbevoie mat engem klore 5:1 heemgeschéckt! Dës wichteg Victoire gëtt der Ekipp neien Opdriff an hält d'Hoffnung op eng Playoff-Plaz um Liewen.
© RTL Archiv

E schwierege Start, mee en exzellent Ënnerzuel-Spill

Den éischten Drëttel huet staark un déi lescht Matcher erënnert. Béid Ekippen hu sech fréi Strofen agehandelt an d'Spill war ufanks zimmlech nervös. Tornado hat Schwieregkeeten, säin offensiven Rhythmus ze fannen an d'Chancen ze notzen.

D'Arbitteren hunn de ganze Match iwwer relativ séier Strofen ausgeschwat, sou datt Tornado dacks an Ënnerzuel spille misst.

Mee grad hei huet d'Ekipp eng staark Leeschtung gewisen. D'Defense an de Goalkeeper stoungen absolut sécher an hunn et Courbevoie trotz ville Powerplay-Situatiounen net erlaabt, och nëmmen ee Gol an Iwwerzuel ze markéieren.

D'Offensiv kënnt endlech op Touren!

No engem éischten Drëttel ouni Goler ass am zweeten Drëttel de Knuet geplatzt!

De Jan Shikera huet op Virlag vum Rowan Miller a Lélian Vix den 1:0 geschoss an Tornado domat a Féierung bruecht. Nëmme gutt eng Minutt méi spéit huet den David Church, op Pass vum Félix Sigouin, op 2:0 erhéicht.

Nach virun der zweeter Paus huet den Dmytro Danylenko eng flott Aktioun vum Félix Sigouin an Nolan Eriksson ofgeschloss an den 3:0 markéiert.

Mat dëser komfortabeler Féierung ass Tornado an déi zweet Paus gaangen.

Och am leschten Drëttel hunn déi blo Jongen net nogelooss. De Julien Vogt huet fréi am Drëttel mat enger Eenzelaktioun den 4:0 geschoss, éier de Rowan Miller op Virlag vum Vogt an Eriksson knapp dräi Minutte viru Schluss de fënnefte Gol markéiert huet.

Eng aussergewéinlech Leeschtung am Gol

Och wann d'Offensiv mat fënnef Goler iwwerzeegt huet, war de Goalkeeper vun Tornado ee vun de grousse Männer vum Owend.

Bal 60 Minutte laang war hie praktesch net ze iwwerwannen an huet all Versuch vu Courbevoie ofgewiert.

Leider ass et dem Jonah Marette vu Courbevoie just aacht Sekonne viru Schluss nach gelongen, den Éieregol ze markéieren an dem Tornado-Goalkeeper domat dee méi wéi verdéngte Shutout ze verhënneren.

Den Trainer Christer Eriksson ass begeeschtert

Den Head Coach Christer Eriksson huet sech nom Match ganz zefridde mat der Leeschtung vu senger Ekipp gewisen:

"Mir hunn den éischten Drëttel ugefaangen, wéi mir et schonn an de leschte Matcher gesinn hunn: e bëssen nervös, mat Schwieregkeeten, eis Chancen ze notzen an eisen offensiven Rhythmus ze fannen. Vum zweeten Drëttel un hu mir awer endlech erëm deen offensiven Hockey gespillt, dee mir nach virun e puer Woche gewisen hunn. Och an Ënnerzuel ware mir extrem staark. Trotz ville Strofen hu mir kee Gol am Penalty Killing kasséiert. Alles an allem ass et e fantastescht Gefill, besonnesch mat iwwer 950 Spectateuren op den Tribünen! Eng super Atmosphär an eng Victoire, déi der Ekipp richteg gutt deet!"

Elo waarden zwee entscheedend Matcher!

Mat dëser Victoire bleift Tornado mat 7 Punkten op der 8. Plaz an der enk ëmkämpfter Grupp A. Als nächst geet et auswäerts géint Wasquehal, déi aktuell mat 4 Punkten op der 9. Plaz stinn, direkt hannert Tornado.

Wasquehal kënnt vun enger batterer 6:16-Defaite géint Évry-Viry a wäert sécherlech alles drusetzen, fir virum eegene Public erëm op d'Gewënnerstrooss ze kommen.

Nom Auswäertsmatch kommen eis Jongen den 21. Mäerz zeréck op d'Kockelscheier, wou mat Châlons, aktuell op der 6. Plaz mat 8 Punkten, en direkte Konkurrent op si waart.

Béid Matcher si vu grousser Bedeitung fir d'Tabell an d'Chancen op eng Playoff-Plaz. Am Kampf ëm d'Playoffs zielt elo all Punkt. Lo heescht et, dësen Elan matzehuelen an déi nächst Punkten ze sammelen!

Back to Top
CIM LOGO