
No engem ganz serréierten Match verléiert Tornado um 4. Spilldag knapp mat 7:5 géint den Leader Châlons an fält domadder op déi 4. Tabelleplaz zeréck.
Virun knapp 1.000 Spectateuren hunn d’Lëtzebuerger, nodeems si schon mat 0:3 hanne louchen, gewisen, dass si Charakter hunn an net esou séier opginn. No enger richteger Ophueljuecht si si bis 5:6 erukomm, hu sech dunn awer missten mat 7:5 an leschter Sekonn geschloe ginn.
Den Trainer Eriksson sot nom Match: “De Momentum läit bei ons an deen huelen mir déi nächst Woch mat an den Réckmatch géint Châlons op der Kockelscheier virun heemeschem Publikum”.
Goler fir Tornado:
2x Grigorijs Holodkovs
2x Antoine Thomas
1x Colm Cannon
Den nächste Match ass e Samschdeg den 28. Oktober um 19 Auer op der Kockelscheier, dat d’Retourpartie géint Châlons.