
De Resumé vun de Matcher vum 27. Spilldag fannt Dir an dësem Artikel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - Burnley 2:2
1:0 Palmer (44', Eelefmeter), 1:1 Cullen (47'), 2:1 Palmer (78'), 2:2 O’Shea (81')
Burnley hëlt um Enn verdéngt ee Punkt mat heem an Chelsea bleift am Niemandsland vun der Tabell. Bis an déi 40. Minutt war näischt lass op der Stamford Bridge, bis Chelsea en Eelefmeter zougesprach krut. Duerch de Feeler gouf de Verteideger vu Burnley mat Giel-Rout vum Terrain gesat, wat säin Trainer Vincent Kompany esou op d’Palm bruecht huet, dass och hie mat Rout op d’Tribün huet musse goen. Den Eelefmeter gouf vum Palmer verwandelt, deen och den zweete Gol fir d’Blues schéisse sollt. Dat goung awer net duer, well Burnley zweemol ausgläiche konnt an e wichtege Punkt am Ofstigskampf sammelt.
Tottenham - Luton Town 2:1
0:1 Chong (3'), 1:1 Kabore (51', Eegegol), 2:1 Son (86')
No engem schwéieren Ufank setzt sech de Favoritt Tottenham awer verdéngt duerch. Luton war mat der éischter Golchance a Féierung gaangen an huet sech duerno op d’Verteidege konzentréiert, wat d’Spurs bal zur Verzweiwlung bruecht huet. Nom Säitewiessel hunn d’Londoner vun engem Eegegol profitéiert a waren nees am Match. Tottenham ass duerno weider ugerannt a konnt ganz spéit den decisive Gol schéissen.
Aston Villa - Wolverhampton 2:0
1:0 Diaby (36'), 2:0 Konsa (65')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Neapel - Bergamo 0:3
0:1 Miranchuk (26'), 0:2 Scamacca (45') , 0:3 Koopmeiners (88')
Am Duell tëscht den Tabellennoperen huet sech Bergamo am Kampf ëm d’europäesch Plazen e bësse Loft op den amtéierende Champion verschaaft. Bergamo séchert Tabelleplaz 6 of an huet elo fënnef Punkten Avance op Neapel.
Lazio Roum - Juventus Turin 1:0
1:0 Marusic (90'+3)
Lazio war besser an de Match komm an hat eng Rei Chancen op den 1:0. Kuerz virun der Paus hat du Juventus aus dem Näischt eraus den 1:0 um Fouss, awer ouni Happy End. Och an der zweeter Hallschent war net vill vun Turin ze gesinn a Lazio huet de Match gréisstendeels kontrolléiert. An der Nospillzäit sollt dunn nach den decisiven a verdéngte Gol fir d’Haaptstätter falen. Juve verléiert den Uschloss un de Féierungsduo vu Mailand a bleift Drëtten, Lazio huet nees Kontakt zu den internationale Plazen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Metz - Monaco 2:5
0:1 Minamino (4'), 0:2 Akliouche (10'), 0:3 Vanderson (16'), 0:4 (Balogun (76'), 1:4 Diallo (78'), 2:4 Sané (84'), 2:5 Balogun (88')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1