
An der Bundesliga huet sech Stuttgart den 1. Erfolleg vun der Saison geséchert a Mainz konnt sech zu Bremen duerchsetzen.
Tottenham - Everton 2:0
1:0 Kane (59', Eelefmeter), 2:0 Höjbjerg (86')
Everton huet sech an der 1. Hallschent besser presentéiert wéi de Favorit aus London. De Gray an den Onana hu gutt Chancë leie gelooss. Bei der Heemekipp ass net vill zesummegelaf an Harry Kane a Co. konnte sech keng Golchancen erausspillen. Den Antonio Conte huet an der Kabinn déi richteg Wierder fonnt, well Tottenham huet de Match an d’Hand geholl. De Kane ass mat sengem éischte Schoss awer um Golkipp hänke bliwwen. Kuerz drop huet de Stiermer et per Eelefmeter besser gemaach. Everton huet an der Schlussphas hannen opgemaach. D’Heemekipp huet profitéiert fir ze konteren an duerch den Höjbjerg den 2:0 ze markéieren. Bei dem Resultat ass et bis zum Schluss bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - Juventus Turin 0:1
0:1 Vlahovic (75')
Am Turiner Derby hunn d’Spectateure bis an déi 33. Minutt waarde missen éier Juventus eng Duebelchance erausgespillt huet. Souwuel de Vlahovic wéi och de Locatelli sinn awer um Golkipp hänke bliwwen. No der Paus war de Match offensiv méi animéiert, nach emol de Locatelli an och de Kean hunn hir Geleeënheeten op der Säit vun de Gäscht awer net genotzt. D’Haushären sinn net méi no vir komm an de Vlahovic huet profitéiert, fir den 1:0 fir d’Juve ze markéieren. Et sollt den eenzege Gol an der Partie bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lorient - Reims 0:0
Lorient, déi an der Tabell iwwerraschend op der 2. Plaz louchen, huet sech an der 1. Hallschent kaum Golchancen erausgespillt. Iwwerhaapt war et eng Partie ouni vill Highlighten a sou sinn d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt ginn. Reims huet sech an der Suite mat enger giel-rouder Kaart fir de Lopy selwer geschwächt. D’Gäscht stoungen awer sécher an der Ofwier a Lorient huet bis zum Schluss de Ball net am Filet ënnerbruecht. Um Enn sollt an der Partie kee Gol falen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Valencia - Elche 2:2
0:1 Milla (29', Eelefmeter), 1:1 Cavani (41', Eelefmeter), 2:1 Cavani (45+7'), 2:2 Milla (65')
Am Mestalla-Stadion huet sech d’Heemekipp géint den Tabelleleschte schwéier gedoen. Zwar hat de Favorit méi Ballbesëtz a méi Schëss op de Gol, d’Gäscht sinn awer duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. Valencia ass dono awer erwächt an de Cavani konnt mat sengen 2 Goler de Match nach virun der Paus dréinen. De Virsprong huet der Heemekipp awer net méi Sécherheet ginn, soudass op en Neits de Milla ausgläiche konnt. Valencia huet nach eng Kéier alles probéiert, mee um Remis sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren.