
E Mëttwoch den Owend trëfft ënnert anerem de Leader Liverpool op Crystal Palace, a ManUnited op Sheffield.
An der Schwäiz huet de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins en Dënschdeg den Owend mat de Young Boys Bern, 0:1 beim Tabelleleschten Thun verluer. Bis ewell loung Bern, zesummen mat Sankt Gallen punktgläich un der Tabellespëtzt. Sankt Gallen spillt en Donneschdeg doheem géint Zürich.