De ganze Summer gëtt schonn iwwert e Wiessel vum Lëtzebuerger Futtballnationalspiller spekuléiert, mä weder de Veräin nach de Spiller selwer loosse sech an d’Kaarte kucken.
Just bei eppes ass jidder Mënsch sech eens. De Leandro Barreiro huet déi lescht Saison bis elo déi beschte Leeschtunge vu senger Karriär ofgeliwwert. A genee dowéinst ass den 23 Joer ale Mëttelfeldspiller och esou gefrot. Et gëtt iwwer Offeren aus England, Frankräich an och der Bundesliga spekuléiert. Ënnert anerem Borussia Dortmund soll interesséiert gewiescht sinn.
En Transfert vum Leandro Barreiro, deen nach 1 Joer Kontrakt zu Mainz huet, géif Sënn maachen, well nëmmen esou de Club nach Sue fir hie kritt. Mä all dës Spekulatioune loossen de Spiller kal. Hien huet seng Vakanz genoss a sech net mat dësen Nouvellë beschäftegt.
De Leandro Barreiro huet bei transfermarkt.de e Maartwäert vu 14 Milliounen Euro a war mat verantwortlech, dass et fir Mainz déi leschte Saison sou gutt gelaf ass. D’Formatioun vum Bo Svensson huet laang ëm eng europäesch Plaz gespillt. Um Enn sinn déi Mainzer déi 9. an der Bundesliga ginn. Dës Saison wëll een nach méi konstant ginn a Feeler aus der leschter Saison ofstellen. Net ofsteigen a sech verbesseren ass dat éischt Zil vum 1. FSV Mainz 05. Vum Championnat dreemt een an der Arena vun de Mainzer manner. Dem Leandro Barreiro no ass den Titel souwisou scho reservéiert. Nämlech fir Bayern München.
Nach ass offiziell net sécher wou de Leandro Barreiro déi nächste Saison wäert spillen. D’Transfertfënster geet den 1. September zou.
D’Kolleege vun RTL Infos hunn de Leandro Barreiro zu Mainz beim Training besicht.