
D’Katalane sinn héich verschëlt, deemno geet et dem Veräin finanziell net wierklech gutt, ma och och sportlech huet den FC Barcelona ferm ze kämpfen.
Den Traditiounsveräin, deen 1,35 Milliarde Scholden huet, verpasst fir déi éischte Kéier zanter 21 Joer d’Aachtelsfinalle vun der Champions League an och am nationale Championnat läit ee schonns ganzer 18 Punkten hanner Real Madrid. Dobäi kënnt elo och nach, datt et vill positiv Corona-Fäll gouf.
Mam Ferran Torres huet een elo wuel de Kader verstäerkt, ma ob dat finanziell a sportlech d’Katalanen nees an d’Spuer bréngt, bleift ze bezweiwelen.
De Spuenier huet ee Kontrakt bis 2027 ënnerschriwwen.