UEFATrotz Messi, Neymar a Co: Ligue 1 keng Top-5-Liga méi

RTL Lëtzebuerg
Déi portugisesch Liga huet d'Ligue 1 an der UEFA Fënnef-Jores-Wertung iwwerholl. Domat spillt de Lionel Messi net méi an enger Top-5-Liga.
© AFP (Archiv)

Zesummegerechent gëtt dës Statistik aus de gesammelte Punkte vun den Ekippen an europäesche Competitiounen, déi da mat de Punkten aus deene leschte Joren zesummegerechent ginn. Domat rutscht d’Ligue 1 mat 43.498 Punkten op Plaz 6.

Déi 1. Plaz geet un d’Premier League mat 87.926 Punkte virun der spuenescher La Liga (80.570) an der italienescher Serie A (63.616). 4. ass déi däitsch Bundesliga mat 61.427 Punkte virun der portugisescher Liga mat 44.216 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO