ÄishockeyTschechien feiert den 13. WM-Titel no Victoire géint d'Schwäiz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend war zu Prag d'Finall vun der Äishockey-Weltmeeschterschaft, dat virun iwwer 17.000 Fans an der Hal.

Et war ganz laang en ausgeglachene Match an zäitweis waren et déi Schwäizer, déi méi Drock gemaach hunn. Et huet dann och bis déi 50. Spillminutt gedauert, bis den NHL-Star David Pastrnak d’Tschechen erléist huet, dat mat engem stramme Schoss zum 1:0.

Et goufen dunn nach emol 10 ganz spannend Minutten a kuerz viru Schluss huet de schwäizer Trainer alles op eng Kaart gesat, an och de Golkipp erausgeholl, fir esou eng Iwwerzuel um Äis ze schafen. Et koum du wat huet musse kommen... nodeems d’Tscheche sech de Puk erkämpft hunn, konnt den David Kämpf an der 60. Minutt de Puk an en eidele Gol drécken an domat war d’Decisioun gefall.

Tschechien ass fir déi 13. Kéier Weltmeeschter, wann een déi 6 Titele matzielt, déi d’Tschechoslowakei gewonnen huet. Tschechien war 2010 fir d’lescht Weltmeeschter ginn, dat bei der WM an Däitschland.

Den Heemvirdeel schéint den Tschechen nawell entgéint ze kommen. No 1947, 1972 an 1985 ass et elo schonn de 4. Titel op heemeschem Terrain.

Fir d’Schwäizer ass et zanter 2013 déi drëtte Sëlwermedail bei enger Äishockey-WM.

Am Match ëm d’Bronzemedail waren et um Enn d’Schweden, déi sech géint d’Kanadier konnte behaapten, dat no engem 4:2 géint den Titelverdeedeger.

Back to Top
CIM LOGO