Am Virfeld hat den Nationaltrainer Dan Huet säi Kader reegelrecht op d’Kopp gehäit. Ganzer 7 nei Spiller hat den U21-Nationaltrainer Dan Huet fir déi béid Lännermatch-Rendez-vouse géint Serbien an England nominéiert. Mat ënner anerem dem Tim Flick oder och dem Jayson Videira goufe sou munch Spiller aus der U19 eropgezunn. Virum Match stoungen déi jonk rout Léiwen no 6 Spilldeeg mat 3 Punkten op der 5 Plaz, also der zweetleschter Plaz an der Tabell.
Mat der Preparatioun vun dësem Match géint Serbien war den Dan Huet ganz zefridden. D’Ufanksphas vun der Partie e Freideg dierft him allerdéngs net gutt gefall hunn. No engem Malentendu tëscht dem Sinner an dem Goncalves krut seng Ekipp schonn no 4 Minutten den 0:1 geschoss.
Déi ronn 900 Spectateuren um Escher Gaalgebierg hunn an der Suite gesinn, wéi d’FLF-Selektioun sech kontrolléiert an dës Partie erageschafft huet. D’Gäscht haten awer déi méi zwéngend Chancen.
Déi bescht Lëtzebuerger Méiglechkeet gouf et no 35 Minutten. Dem James Rodrigues huet et virum Gol awer um néidege Realismus an Duerchsetzungkraaft gefeelt.
Déi jonk rouden Léiwen haten zwar an den éischte 45 Minutten vill de Ball, nom Säitewiessel hu si awer och ëmmer méi de vertikale Wee no vir gesicht. Dat gouf och belount. De Goncalves konnt mat dësem Hummer 5 Minutten no der Paus op 1:1 stellen.
Duerno sinn d’Been vun de Lëtzebuerger ëmmer méi schwéier ginn a si hu sech méi op d’Verteidege konzentréiert. De Gäscht ass awer net all ze vill agefall, ausser dësem Kappball, deen de Scheidweiler gutt paréiere konnt. Bis zum Schluss ass et beim verdéngten 1:1-Remis bliwwen.
No 7 Matcher hunn d’Lëtzebuerger 4 Punkten um Kont. Un der Spëtzt leien d’Ukrain (5 Matcher) an England (6 Matcher) mat 15 Punkten.
En Dënschdeg geet et schonn nees weider. Am Stadion vun de Bolton Wanders kréien d’Rout Léiwen et mam aktuellen Europameeschter England ze dinn. Dat dierft e speziellt Erfliefnis fir Spiller an Trainer ginn.
U21-EM-Qualifikatioun: Jonk Rout Léiwe verléiere Match am Aserbaidjan an der Schlussphas
U21-EM-Qualifikatioun: Jonk Léiwe setze sech mat 1:0 an Nordirland duerch