Déi 661 Spectateuren am Stade Emile Mayrisch um Escher Gaalgebierg hunn eng Ufanksphas gesinn, an där net all ze vill Nennenswäertes geschitt ass. D’Ukrain hat zwar vill de Ball, Lëtzebuerg huet hinnen awer keng Raim ugebueden, fir sech vill Chancen ze kreéieren. An der Suite hu sech d’Gäscht awer dunn ëmmer méi geféierlech Aktiounen erausgespillt an an der 45. Minutt konnte si du mat 1:0 duerch den Ihor Krasnopir a Féierung goen.
Déi bescht Lëtzebuerger Chance hat de Miguel Fernandes fënnef Minutte virun der Paus. Säi Kappball goung awer knapp laanscht de Gol.

An der zweeter Hallschent sinn d’Rout Léiwe besser an de Match kommen. De Miguel Fernandes hat an 68. Minutt aus der Distanz de Potto getraff. D’Ukrain hat awer direkt eng Äntwert parat an huet eng Minutt méi spéit duerch den agewiesselte Bohdan Viunnyk op 2:0 erhéicht. An der 82. Minutt huet de Selim Turping zwar nach de Potto getraff, mee an der Nospillzäit huet den Illia Kvasnytsia fir d'3:0-Schlussresultat gesuergt.
Weider geet et fir déi Lëtzebuerger U21-Nationalekipp en Dënschdeg auswäerts mam Match an Aserbaidschan.