U21-EM-QualifikatiounLëtzebuerg verléiert géint England mat 0:3

RTL Lëtzebuerg
Am Grupp F hunn déi jonk Léiwen no zwee Matcher also weiderhin dräi Punkten um Kont stoen.

Am Kader vun der EM-Qualifikatioun huet sech d’U21 vu Lëtzebuerg e Méindeg den Owend misse mat 0:3 géint England geschloe ginn. Nodeems d’Rout Léiwen eng Zäit laang d’Null hannen hale konnte war et kuerz virun der Paus de Liam Delap, deen d’Three Lions a Féierung bruecht huet. Zwee weider Goler an der zweeter Hallschent duerch de Callum Doyle an de Cole Palmer hunn um Enn fir d’Decisioun gesuergt.

E leschten Donneschdeg gouf et fir den Optakt vun der EM-Qualifikatioun mat enger 1:0-Victoire géint Nordirland déi éischt dräi Punkte fir déi jonk Lëtzebuerger. Déi nächst Partie ass den 12. Oktober géint d’Ukrain.

Back to Top
CIM LOGO