Internationale FuttballUdinese klaut AC Mailand zwee Punkten

RTL Lëtzebuerg
AC Mailand spillt just 1:1, Inter léisst zu Genua Punkten hänken a Stuttgart verléiert an de leschte Minutten zu Sinsheim.
© AFP

Bundesliga

Hoffenheim - Stuttgart 2:1
0:1 Endo (58'), 1:1 Baumgartner (85'), 2:1 Baumgartner (90')

Et war eng ënnerhalsam a spannend éischt Hallschent zu Sinsheim, an där béid Ekippe sech näischt geschenkt an no vir gespillt hunn. Hoffenheim krut an der 44. Minutt e Gol duerch de VAR berechtegterweis oferkannt. An der 58. Minutt konnt den Endo Stuttgart a Féierung bréngen. Hoffenheim huet awer weider no vir gespillt a konnt fir d’éischt duerch de Baumgartner ausgläichen, deen an der Nospillzäit och d'2:1-Victoire kloer gemaach huet.

Hoffenheim feiert domat déi drëtt Victoire hannerteneen a bleift op enger Champions-League-Plaz, wärend Stuttgart den nächste Réckschlag astieche muss an op der 17. Plaz verbleift. Et war den néngte konsekutive Match, an deem Stuttgart net gewanne konnt.

Serie A

AC Mailand - Udinese Calcio 1:1
1:0 Leao (29'), 1:1 Udogie (66')

Den AC Mailand huet et verpasst d’Avance op de Lokalrival Inter ze vergréisseren. Am Heemmatch géint Udinese hat de Rafael Leao d’Rossoneri a Féierung geschoss. Mailand war och iwwerleeën, huet duerno awer net vill an der Offense gemaach. Och an der zweeter Hallschent ass net vill vu béiden Ekippe komm. Udinese konnt an der Mëtt vun der zweeter Hallschent duerch den Udogie ausgläichen a Mailand fir seng Passivitéit bestrofen. Nom Ausgläich huet den AC nees méi no vir gespillt, mee konnt kee Kapital méi doraus schloen.

Fir Mailand war et dat zweet Gläichspill hannerteneen, wärend Udinese sech e wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig séchert.

FC Genua - Inter Mailand 0:0

Nom Gläichspill vum AC Mailand, huet Inter net kënnen nozéien a spillt beim Ofstigskandidat FC Genua just 0:0. D’Nerazurri hat zwar méi vum Spill, konnt dat awer net a Goler ëmmënzen. Och an der zweeter Halleschent huet Inter konstant no vir gespillt an hat och e puer gutt Chancen duerch d’Ambrosio an Dzeko, mee de Ball wollt net iwwer d’Linn. Genua huet kompakt verteidegt an hat dat néidegt Gléck.

Mat dësem Match ass et fir Inter Mailand schonn de véierte konsekutive Match, dee si net gewanne konnten. Fir Genua war et de fënnefte Remis noeneen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO