President kloerUEFA Champions League ouni Veräiner aus Saudiarabien

RTL Lëtzebuerg
De Ceferin huet Meldungen zeréckgewisen, wouno et Veräiner aus Saudiarabien soll méiglech sinn, fir an Zukunft an der UEFA Champions League ze spillen.
De Cristiano Ronaldo (Al-Nassr) an den Gianluigi Donnarumma (PSG) bei engem Frëndschaftsmatch.
De Cristiano Ronaldo (Al-Nassr) an den Gianluigi Donnarumma (PSG) bei engem Frëndschaftsmatch.
© AFP

Just europäesch Veräiner kënnen an der Champions League, der Europa League an der Europa Conference League spillen”, sot de 55 Joer alen Aleksander Ceferin. Obwuel d’Veräiner aus der saudescher Liga aktuell vill Suen a Spiller investéieren, gesäit de President vun der UEFA keng Gefor doranner fir den europäesche Futtball.

Et hätt schonn en änlechen Usaz a China ginn, ma de Sport hätt sech doduerch am Land awer net weiderentwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO