FuttballUEFA entzitt Russland europäesche Supercup

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Futtballunioun huet Russland d'Organisatioun vum europäeschen Duell tëscht de Gewënner vun der Champions League an der Europa League entzunn.
© SID/FABRICE COFFRINI

Deemno wäert den europäesche Supercup net wéi geplangt zu Kasan an der autonomer Republik Tatarstan organiséiert ginn, mä de 16. August am Stadion vun Olympiakos Piräus a Griicheland. D’Decisioun koum vum Exekutivkommitee vum Kontinentalverband.

Schonn zanter Enn Februar 2022 si russesch Ekippe wéinst dem Krich vu Concourse vun der UEFA an der FIFA ausgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO