Endphas vun der Champions LeagueUEFA gesäit weider vir, datt zu Lissabon gespillt gëtt

RTL Lëtzebuerg
D'UEFA huet d'Endphas vun der Champions League wéinst dem Coronavirus jo op Lissabon verluecht. Do ginn et am Moment awer Reconfinementsmesuren.

D’Fussball-Unioun huet en Dënschdeg matgedeelt, datt et am Moment nach kee Grond gëtt, fir e Plang B virzegesinn. An 19 Quartieren an der Banlieue am Norde vu Lissabon mussen d’Leit vun e Mëttwoch un nees doheem bleiwen. Zu Lissabon sollen am August déi lescht Aachtels-, dann d’Véierels- an d’Hallef-Finalle gespillt ginn, éiert den 23. dann och do d’Final programméiert ass.

Back to Top
CIM LOGO