Obwuel Qualifikatioun nach opsteetUEFA verlaangt vun FLF, Europameeschterschaft elo schonn z'organiséieren

Franky Hippert
Ob Lëtzebuerg sech fir d'Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland qualifizéiert, entscheet sech am Mäerz an de Play-Offs vun der Nations League.
© Val Wagner

D’UEFA, déi europäesch Futtball-Union, verlaangt awer vun deenen Natiounen, déi sech iwwert de Wee vun de Play-Offs nach kënne qualifizéieren, alles schonn esou ze organiséieren, wéi wann ee qualifizéiert wär.

FLF muss EM schonn organiséieren / Reportage Franky Hippert

D’Europameeschterschaft an Däitschland ass vum 14. Juni bis den 14. Juli. D’FLF-Formatioun ass nach zwou Victoirë vun der EM ewech. Am Mäerz muss fir d’éischt a Georgien gewonne ginn, duerno kéim et dann zu der Final géint entweder Griicheland oder Kasakstan. Och wann d’Rout Léiwen nach net qualifizéiert sinn, muss bei der FLF awer elo scho geplangt ginn, wéi wann een et wär, an den organisatoreschen Opwand ass enorm.

De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz:

“Jo, genau esou ass et, wéi Dir Iech kënnt virstellen, sinn natierlech do notamment eis Sécherheetsgrënn, dat heescht, mir krute schonn e ganze Katalog vun UEFA matgedeelt, iwwer wat mer däerfen a respektiv wat mer net däerfen.”

Iwwerdeem muss een elo schonn uginn, wou ee säi Basislager mécht:

“Wou mer dann déi ganz Preparatioun op déi Euro maachen, respektiv wou dee ganze Grupp erëm eng Kéier op dee Stëtzpunkt zréckgeet, fir sech erëm op den nächste Match ze preparéieren.”

Souguer déi lescht 24 Stonne virun engem Match op der Europameeschterschaft mussen elo scho geplangt ginn:

“Da gëllt et awer och, fir Hoteller erauszesiche fir déi Matcher, wou een da spillt, déi méi wäit ewech sollte sinn. Et soll bemierkt sinn, datt d’Deplacement fir e Match däerf net méi wéi eng Stonn sinn, soss muss een en Hotel an der Géigend vum Stadion huelen.”

D’Oplage vun der UEFA si scho strikt fir eng Endphas vun enger Futtball-EM:

“Dir kritt hei zum Beispill operluecht, datt ee muss fënnef Deeg am Camp sinn, éier een deen éischte Match spillt. Dir kënnt Iech jo virstellen, déi ganz Preparatioun op dat Ganzt Turnéier ass natierlech eng Risenorganisatioun.”

Den europäeschen Daachverband am Futtball léisst déi kleng Federatioun awer elo an dëser Phas net eleng, seet den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz:

“D’UEFA hëlleft do extreem vill, déi ganz Organisatioun an déi ganz Preparatioun. Do huet d’UEFA scho ganz, ganz vill virgegraff an ënnerstëtzt d’Verbänn extreem, och betreffend wat d’Deplacementer ubelaangen, wärend der Euro, oder respektiv fir dohinner ze kommen, also do muss een d’UEFA luewen, datt dat Ganzt organisatoresch op ganz héijem Niveau viru sech geet.”

Wa Lëtzebuerg sech géif fir d’Europameeschterschaft qualifizéieren, da muss een dovun ausgoen, datt d’Ekipp am grousse-ganze 4 bis 5 Wochen zesumme wär. Fir d’Membere vum Staff ronderëm den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz, déi nach eng aner Aarbecht hunn, géif datt och eng organisatoresch Erausfuerderung vun hirem Alldag ginn.

Esou wäit ass et jo elo awer nach net, och wann d’Organisatioun fir d’EM bei der FLF leeft, mussen d’Rout Léiwen awer emol nach déi decisiv Matcher am Mäerz an de Play-Offs vun der Nations League spillen an och gewannen.

Back to Top
CIM LOGO