
Datt Lëtzebuerger Veräiner um internationalen Niveau net zu de ganz groussen Nimm gehéieren, dat ass gewosst. Ma d’Uefa schéngt bei der Conference League beim F91 net just de Veräin duerchernee geheit ze hunn, mee direkt och nach d’Sportaart. An engem Post op Facebook e Mëttwoch am Nomëtteg huet d’Uefa Appetit op déi lescht Matcher an de Playoffs gemaach, an deene jo och den Diddelenger Club géint Lech Posen wäert untrieden.
Mee amplaz den F91 ze taggen, huet d’Uefa ongewollt de Football-Veräin Dudelange Steelers fir d’Partie géint de polnesche Géigner nominéiert.
D’Football-Spiller hunn an de Kommentare mat Humor reagéiert an ee multidisziplinäre Match, an deem de Football géint de Futtball untrëtt, virgeschloen. Den F91 huet d’Iddi vun de Steelers direkt opgegraff: “Léiw UEFA an Europa Conference League, wann dir eis versprieche kënnt, datt ee Gol mat 6 Punkte belount gëtt, da wäerte mer eeschthaft driwwer nodenken, d’Dudelange Steelers muer spillen ze loossen!! Mir soen iech elo scho fir eng séier Äntwert Merci, an deem Fall misste mer nämlech d’Taktik änneren!”
Si missten dann elo wuel nach séier üben, de Ball ze spillen, an net de Géigner ze tackelen, esou d’Footballer vun Diddeleng dorops.
En Donneschdeg den Owend spillt an de Conference-League-Playoffs den F91 Diddeleng de Retourmatch géint Lech Posen. Fir de Lëtzebuerger Champion geet et ëm d’Qualifikatioun fir d’Gruppephas. Den Allersmatch hat den F91 mat 0:2 verluer. De Match gëtt en Donneschdeg den Owend um 20.30 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff. Op RTL.lu fannt Dir och e Livestream vun der Partie.