Ligue 1Um 1. Spilldag trenne sech Monaco an Nantes mat engem 1:1

RTL Lëtzebuerg
Dëse Freideg war den Optakt vun der neier Saison an der héchster franséischer Futtball-Liga, dat mam Match tëscht dem AS Monaco an dem FC Nantes.
© AFP

Den AS Monaco konnt an der 14. Minutt duerch e Gol vum Gelson Martins a Féierung goen. Monaco hat däitlech méi vum Spill an der 1. Hallschent, dat bei 73% Ballbesëtz. Trotzdeem ass et Nantes an der 42. Minutt gelongen auszegläichen, dëst duerch de Jean-Charles Castelletto. Mat deem Resultat ass et dunn och an d’Kabinne gaangen.

An der 2. Hallschent war Monaco weiderhin vill méi um Ball an hat och méi Goalchancen. Et sollt awer beim Resultat vun 1:1 bleiwen.

Pro League

FC Bruges - Cercle Bruges 1:1

E Freideg den Owend koum et um 3. Spilldag an der Belsch zum Duell tëscht den 2 Veräiner vu Bruges. Heibäi gouf et awer kee Gewënner.

Primeira Liga

Sporting Lissabon - FC Vizela 3:0

Am Estadio José Alvalade zu Lissabon krut de Sporting Besuch vum FC Vizela. De Sporting ass hei senger Favoritteroll gerecht ginn a setzt sech mat 3:0 duerch. De Gonçalves huet direkt 2 mol getraff, dat an der 48. an an der 64. Minutt. De Paulinho huet an der 74. Minutt nach een dropgesat. Sporting Lissabon ass domat den 1. Tabelleleader fir dës Saison an der Primeira Liga.

Back to Top
CIM LOGO