Internationaler FuttballfederatiounUn der Club-WM huelen vun 2025 un 32 Veräiner deel

RTL Lëtzebuerg
D'Futtball-Weltmeeschterschaft am Qatar ass nach am gaangen, do gëtt et bei der FIFA schonn déi nächst Annonce iwwert eng WM - déi vun de Veräiner.
De FIFA-President Gianni Infantino.
De FIFA-President Gianni Infantino.
© SID/ODD ANDERSEN

D’Club-Weltmeeschterschaft gëtt vun 2025 un op 32 Clibb opgestockt, dat huet de President vun der Internationaler Futtballfederatioun Gianni Infantino e Freideg matgedeelt. D’nächst Joer gëtt d’Club-WM a Marokko nach am ale Format gespillt. Et si bis elo ëmmer déi sechs Gewënner vun de wichtegste Kontinentalkompetitiounen dobäi gewiescht, an eng Equipe vum Organisateur. Fir Europa ass dat 2023 den Champions-League-Gewënner Real Madrid. Wat d’UEFA an hir Champions League a verschidde Veräiner mat hirer Super League ugeet, huet en Donneschdeg de Generalaffekot vum Europäesche Geriichtshaff, Athanasios Rantos, a sengem Schlussplädoyer op d’Spezifizitéit vum Sport higewisen. D’FIFA respektiv d’UEFA hätten deemno d’Recht, eng Konkurrenzkompetitioun ze refuséieren. Dat heescht si missten dem Rantos no d’Autorisatioun ginn, fir wann iergendeen anere wéi si zwee, eng Kompetitioun wëll organiséieren.

Am anere Fall missten d’FIFA an d’UEFA d’Recht hunn, déi déi eppes ouni Autorisatioun vum Daachverband organiséieren, ze sanktionéieren. Déi Responsabel vun der Super League - dat sinn ënnert anerem d‘Veräiner Real Madrid a Juventus Turin - hate virum Handelsgeriicht zu Madrid eng Klo agereecht, déi dunn un den Europäesche Geriichtshaff weidergeleet gouf. D’Super-League-Initiateure fannen, datt d’UEFA als Organisateur, Regulateur a Vermaarter an engem Interessekonflikt stécht.

Bis Mäerz gëtt dann en Urteel vun der grousser Chamber vum Europäesche Geriichtshaff erwaart.

Back to Top
CIM LOGO