Tennis Davis CupUngarn ze staark: Lëtzebuerg verléiert och den Dubbel

RTL Lëtzebuerg
Domadder steigt Ungarn an d’Qualifiers op a Lëtzebuerg bleift am Weltgrupp I
Den Alex Knaff an de Raphael Calzi verléieren hiren Dubbel an domat och den Duell géint Ungarn
© Roland Miny

No deenen zwou Defaiten am Simple um Freideg den Owend ass déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp e Samschdeg op Neits an der Coque géint Ungarn am Asaz.

Am Dubbel hu sech den Alex Knaff an de Raphael Calzi, dee fir de verletzten Chris Rodesch gespillt huet, an zwee Säz 1:6 a 6:7 géint d’Ungaren misse geschloe ginn. No 3 Néierlagen um Stéck ka Lëtzebuerg beim Stand vun 0:3 am Total den Duell géint Ungarn net méi gewannen. Domadder steigt Ungarn an d’Qualifiers op a Lëtzebuerg bleift am Weltgrupp I.

Fir den Alex Knaff war et de leschten Optrëtt fir déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp.

Et gëtt aktuell awer nach ee Simpel gespillt, och wa sportlech näischt méi um Spill steet. Do kritt et aktuell de Lëtzebuerger Matiej Reiter mam Peter Makk ze dinn.  

Dëse Simpel kënnt dir bei eis um RTL Zwee, um RTL Play an op RTL.lu kucken.

Et war dem Alex Knaff säi leschten Optrëtt fir Lëtzebuerg. Hien gouf am Kader vum Davis Cup géint Ungarn feierlech geéiert.
© Roland Miny

Back to Top
CIM LOGO