
An Däitschland war en Dënschdeg den Owend den Optakt vun de Véierelsfinallen am DFB-Pokal. Union Berlin huet sech deen éischten Ticket fir déi nächst Ronn geséchert. De Veräin aus der Bundesliga huet sech no engem Réckstand mat 2:1 géint den FC St. Pauli aus der 2. Bundesliga duerchgesat. Am Stadion An der Alten Försterei hat de Kyereh (21') d’Gäscht a Féierung bruecht. Sekonne virun der Paus hat de Becker fir d’Berliner ausgeglach. Den decisive Gol huet den agewiesselte Voglsammer (75') geschoss.
Berlin steet fir d’éischte Kéier zanter 2001 an den Halleffinallen. Deemools hat een et als Regionalligist an d’Finall gepackt, ma do awer verluer.
A Frankräich war et déi éischt Halleffinall vun der Coupe de France. Nice krut et hei mat Versailles aus der 4. Liga ze dinn. No 90 Minutten ass Nice senger Favoritterolle gerecht ginn an ass no engem 2:0 eng Ronn weider. Gouiri (48') an Dolberg (73') hunn d’Goler fir de Veräin aus der Ligue 1 geschoss.
An der Coppa Italia war et och déi éischt Halleffinall, déi mat Allers- a Retourmatch gespillt gëtt. Tëscht dem AC an Inter Mailand gouf et een 0:0.
Am engleschen FA-Cup steet Manchester City an der Véierelsfinall. No Goler vu Mahrez (60') an Grealish (67') huet ee sech mat 2:0 bei Peterborough United duerchgesat. Eng Ronn weider ass dann och Crystal Palace, dat no enger 2:1-Victoire géint Stoke City. Tottenham ass iwwerraschend vu Middlesbrough (Championship) eliminéiert ginn. D’Spurs hunn auswäerts no Verlängerung mat 0:1 verluer.