Internationale FuttballUnion klappt de BVB, Liverpool wënnt géint Manchester City

RTL Lëtzebuerg
Inter Mailand ka sech mat 2:0 géint Salernitana behaapten iwwerdeems Real Madrid de Classico a Spuenien fir sech entscheede konnt.
© AFP

Bundesliga

FC Köln - FC Augsburg 3:2
0:1 Niederlechner (14'), 1:1 Tigges (47'), 2:1 Huseinbasic (61'), 2:2 Caligiuri (69'), 3:2 Tigges (81')

Augsburg war virun allem an der Ufanksphas immens effizient an ass duerch den Niederlechner a Féierung gaangen. No der Féierung huet een op Konter gelauert, iwwerdeems bei Köln et un der Prezisioun gefeelt huet. No der Paus ass et dunn hin an hier gaangen. Nodeems Köln duerch Goler vum Tigges an Huseinbasic de Match dréine konnt, ass Augsburg den tëschenzäitlechen 2:2 gegléckt. Den Tigges mat sengem zweete Gol huet du fir d’Entscheedung gesuergt. Köln wënnt mat 3:2 géint Augsburg.

FC Union Berlin - Borussia Dortmund 2:0
1:0 Haberer (8'), 2:0 Haberer (21')

Union Berlin bleift no der 2:0-Victoire géint de BVB weider op der 1. Plaz an der Tabell. Gläichzäiteg bleift een an dëser Saison un der aler Försterei ongeschloen. De Match ass aus der Siicht vun de Schwaarz-Gielen denkbar schlecht ugaangen. No engem Réckpass vum Hummels op de Kobel huet de Schlussmann iwwert de Ball geschloen an esou konnt den Haberer ongestéiert de Ball iwwert d’Linn drécken. An der 21. Minutt huet den Haberer säin 2. Gol konnte markéieren. Vum BVB ass iwwert de ganze Match ze wéineg komm. Union bleift Leader an der Bundesliga.

Bayern München - SC Freiburg 5:0
1:0 Gnabry (13'), 2:0 Choupo-Moting (33'), 3:0 Sané (53'), 4:0 Mané (55'), Sabitzer (80')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - FC Chelsea 0:2
0:1 Mount (6'), 0:2 Mount (65')

Chelsea ass senger Favoritteroll gerecht ginn a gewënnt mat 2:0 géint Aston Villa. D’Lokalekipp huet iwwerdeems alles anescht wéi schlecht opgespillt, ass awer ëmmer nees um Golkipp hänke bliwwen. War et net de Kepa, dann ass de Ball just un de Potto gaangen. D’Ekipp vum Steven Gerrard huet et un der néideger Reussite gefeelt, sou dass Chelsea sech mat 2:0 kann duerchsetzen.

Leeds United - FC Arsenal 0:1
0:1 Saka (35')

Kuriéis ass et an der 15. Minutt ginn. De Match ass wéinst engem Stroumausfall tëschenzäitlech ënnerbrach ginn. No ronn 30 Minutten ass de Match dunn nees ugepaff ginn, an Arsenal ass duerch de Saka a Féierung gaangen. D’Gunners haten awer ferm Chance, huet de Sinisterra an der 66. Minutt een Eelefmeter fir Leeds laanscht geschoss. Kuerz viru Schluss hätt de Summerville dunn de verdéngten Ausgläich kéinte markéieren, säi Schoss sollt awer iwwert de Gol goen, sou dass Arsenal weider op der 1. Plaz an der Tabell steet.

Manchester United - Newcastle United 0:0

Kee Gol sollt tëscht Manchester United an Newcastle falen. Newcastle war an der 1. Hallschent spillbestëmmend, de Joelinton sollt awer direkt zwee Mol um Aluminium hänke bleiwen. No der Paus war United um Drécker. Goler sollten am Verfolgerduell vun der Spëtzegrupp awer keng falen.

FC Liverpool - Manchester City 1:0
1:0 Salah (76')

Liverpool gewënnt mat 1:0 géint Manchester City. De Gol vum Dag huet de Salah an der 76. Minutt geschoss. Fir Liverpool sinn et immens wichteg Punkten, fir den Uschloss un déi international Plazen net komplett aus den Aen ze verléieren. Fir City dogéint eng empfindlech Néierlag am Fernduell mat Arsenal London. An der Schlussphas krut de Jürgen Klopp nach déi Rout Kaart gewisen, dat well e sech beim Arbitter ze ferm opgereegt huet. No 10 Minutten Nospillzäit konnt sech Liverpool iwwert 3 Punkte freeën.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Inter Mailand - US Salernitana 2:0
1:0 Martinez (14'), 2:0 Barella (58')

D’Nerazzurri kommen ëmmer besser a Form a kenne sech nom 3:3 géint Barcelona an der Champions League 3 Punkten an der Serie A géint Salernitana sécheren. Domat hält Inter den Uschloss un déi international Plazen.

SSC Neapel - FC Bologna 3:2
0:1 Zirkzee (41'), 1:1 Juan Jesus (45'), 2:1 Lozano (49'), 2:2 Barrow (51'), 3:2 Osimhen (69')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Real Madrid - FC Barcelona 3:1
1:0 Benzema (12'), 2:0 Valverde (35'), 2:1 Torres (83'), 3:1 Rodrygo (90+1')

Real Madrid gewënnt de Classico mat 3:1 géint Barcelona a baut de Virsprong an der Tabell domat op 3 Punkten aus. Benzema a Valverde hunn d’Goler fir déi Kinneklech an der 1. Hallschent geschoss. Déi beschte Chance fir Barca hat de Lewandowski, säi Schoss sollt awer iwwert de Gol goen. Alles an allem huet et un der néideger Kreativitéit am Spill vu Barcelona gefeelt. An der Schlussphas vum Match sinn d’Gäscht dunn erwächt an haten duerch de Lewandwoski a Fati zwou riseg Chancen. An der 83. Minutt huet den Torres dunn de verdéngten Uschlossgol markéiert. An enger hektescher Schlussphas hat de Fati d’Chance op den Ausgläich, sollt awer knapps laanscht de Gol schéissen. De Benzema per Eelefmeter huet du fir d’Entscheedung gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO