Conference LeagueUnion SG mam Anthony Moris kritt et mat Fenerbahce Istanbul ze dinn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg sinn zu Nyon an der Schwäiz d'Aachtelsfinalle vun der Conference League ausgeloust ginn.
© AFP

Mam Anthony Moris ass nach ee Lëtzebuerger mat sengem Veräin an der K.O.-Phas vun der Conference League am Asaz. Nodeems d’Union Saint-Gilloise en Donneschdeg Eintracht Frankfurt eliminéiere konnt, kritt et d’Ekipp aus der belscher Haaptstad am nächsten Tour mat Fenerbahce Istanbul ze dinn.

Donieft kritt nach Ajax Amsterdam et mat Aston Villa ze dinn a Lille muss géint Graz untrieden.

D’Partië ginn de 7. an de 14. Mäerz gespillt. D’Finall ass den 29. Mee zu Athen a Griichenland.

E Freideg sinn och d’Aachtelsfinalle vun der Europa League ausgeloust ginn. Den Iwwerbléck vun de Partië fannt Dir hei am Artikel.

All d’Partien am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO