Union Saint-Gilloise mat Moris eliminéiert Frankfurt an der Conference League

© Photo by LAURIE DIEFFEMBACQ / BELGA MAG / Belga via AFP
An der Conference League waren zwee Lëtzebuerger mat hiren Ekippen am Asaz.
No engem 2:2 aus dem Allersmatch war fir den Anthony Moris a seng Union Saint-Gilloise e Weiderkommen zu Frankfurt alles anescht wéi onméiglech. Och an der Paus gouf et nach en änlecht Bild, well keng vu béiden Ekippe markéiere konnt. Ma nom Pausentéi koum en d'Belsch däitlech besser aus der Vestiaire a konnten no 2 Minutten de Gol vum Puertas feieren. Dësen huet dann an der 80. Minutt den 2:0 vum Eckert Ayensa och nach virbereet. Frankfurt koum an der 88. Minutt duerch den Dina Ebimbe nach eng Kéier zeréck an d'Partie an huet fir eng ganz spannend Nospillzäit gesuergt. Well hei awer kee Gol méi sollt falen, qualifizéiere sech den Anthony Moris an d'Union Saint-Gilloise no enger 2:1-Victoire zu Frankfurt fir d'Aachtelsfinall vun der Europa Conference League.
Missioun fir de Gerson Rodrigues a Slovan Bratislava, fir no der 1:4 Defaite géint Strum Graz nach doheem weiderzekommen, war optimistesch gesinn ganz ganz schwéier. No engem 0:0 an der éischter Hallschent huet den Biereth et der Heemekipp nach méi schwéier gemaach, fir nach weiderzekommen. Et sollt an dëser Partie och den eenzege Gol bleiwen, esou datt d'Graz och déi zweet Partie géint Bratislava, dëst Kéier mat 1:0, ka gewannen.