
Et géif “wierklech kee Sënn” maachen, datt Futtball an den USA “Soccer” genannt gëtt, wärend d’Sportaart vun der National Football League (NFL) “Football” genannt gëtt, sou den US-President e Freideg zu Washington D.C. wärend der Auslousung vun der Gruppephas fir d’Futtballweltmeeschterschaft d’nächst Joer. Hien huet dobäi drop ugespillt, datt beim American Football gréisstendeels d’Hänn de Ball beréieren.
Wann een driwwer nodenkt, sollt Futtball “eigentlech ‘Football’ heeschen, keng Fro. Mir mussen en aneren Numm fir d’NFL fannen”, sou den Trump, deen allerdéngs kee Virschlag gemaach huet. Schonn am Summer hat den US-President iwwert eng offiziell Ëmbenennung vu béide Sportaarten nogeduecht a souguer gesot, hie kéint en entspriechenden Dekreet ënnerschreiwen. Bis ewell ass dat awer net geschitt. Och de fréieren engleschen Nationalspiller Rio Ferdinand, dee bei der Auslousung als Haaptresponsabelen dobäi war, huet den Trump a senger Consideratioun bestäerkt: “Här President, mat Ärer Erlabnis: Mir dierfen et net méi Soccer nennen, iwwerall nennt een et Futtball”.
De Begrëff “Soccer” kënnt aus dem brittesche Slang aus dem spéiden 19. Joerhonnert. Et ass eng Ofkierzung vun “Association Football”, aus “Assoccer”, gouf dunn iergendwann “Soccer”. Fir Verwiesslunge mam “American Football” z’evitéieren, hunn d’USA de Begrëff “Soccer” iwwerholl.
D’Futtball-WM 2026 gëtt vum 11. Juni bis den 19. Juli 2026 gespillt an zesumme vun den USA, Kanada a Mexiko organiséiert.
D’Resultater vun der Auslousung e Freideg den Owend gesitt Dir hei: