Indoor-Liichtathletik-EMVera Hoffmann an der Finall, Bob Bertemes kënnt op déi 5. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Op der Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Istanbul, konnten d'Lëtzebuergerinne Vera Hoffmann a Patrizia van der Weken iwwerzeegen.
5. Plaz fir de Bob Bertemes zu Istanbul
Mat där Wäit verpasst hie säin Lëtzebuerger Rekord ëm 93 Zentimeter. Europameeschter gouf den Italiener Zane Weir mat 22 Meter a 6 Zentimeter.

D’Vera Hoffmann steet an der Finall iwwer 1500 Meter. An de Serië gouf d’Lëtzebuergerin a 4 Minutten, 8 Sekonnen an 73 Honnertstel gestoppt. Domadder huet si hiren eegene Lëtzebuerger Rekord ëm iwwer 2 Sekonne verbessert. D’Finall ass e Samschdegowend.

Interview mam Vera Hoffmann
D’Liichtathletin steet op der Indoor-Europameeschterschaft zu Istanbul an der Finall iwwer 1.500 Meter.

Op der Indoor Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Istanbul an der Tierkei, kënnt de Bob Bertemes um Enn op déi 5. Plaz mat engem Versuch vun 21 Meter. Mat där Wäit verpasst hie säi Lëtzebuerger Rekord ëm 93 Zentimeter. Europameeschter gouf den Italiener Zane Weir mat 22 Meter a 6 Zentimeter.

Bob Bertemes iwwert seng 5. Plaz am Bommstoussen
.
Dem Bob Bertemes säin Trainer
.

Iwwer 60 Meter stoung d’Patrizia van der Weken an den Halleffinallen. D’Lëtzebuergerin ass an hirer Serie eng Zäit vu 7 Sekonnen a 26 Honnertstel gelaf. Dat ware just 5 Honnertstel iwwert dem eegene Lëtzebuerger Rekord. Si huet de Sprong an d’Finall ëm 3 Honnertstel verpasst. D’Lëtzebuerger Championne ass an der 2. vun 3 Halleffinallen an enger Zäit vun 7.27 Sekonnen op déi 4. Plaz komm.

Interview mam Patrizia van der Weken
Iwwer 60 Meter steet d’Sportlerin an den Halleffinallen op der Indoor-Europameeschterschaft zu Istanbul.

Déi zwee Éischt pro Halleffinall plus déi zwee Zäitbescht am Ganzen hu sech fir d’Finall qualifizéiert. Et war eng Zäit vun 7.24 Sekonnen néideg fir et an d’Finall ze packen. Um Enn klasséiert sech d’Patrizia van der Weken op der 10. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO