Indoor-Liichtathletik-EMVera Hoffmann leeft an der Finall op déi 8. Plaz iwwer 1.500 Meter

RTL Lëtzebuerg
Bei der Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Istanbul kënnt d'Vera Hoffmann, bei der Victoire vum Laura Muir, op déi 8. Plaz.
Vera Hoffmann kennt op déi gutt 8. Plaz
Gewonne gouf d’Course vum Laura Muir

D’Vera Hoffmann stoung e Samschdeg den Owend an der Finall iwwer 1.500 Meter. An der Halleffinall e Freideg gouf d’Lëtzebuergerin a 4 Minutten, 8 Sekonnen an 73 Honnertstel gestoppt, wat en neien Lëtzebuerger Rekord bedeit huet. An der Finall sollt d’Vera Hoffmann awer net un dës Zäit eru kommen. An der Final iwwer 1.500 Meter kënnt d’Lëtzebuergerin mat enger Zäit vun 4 Minutten, 10 Sekonnen an 03 Honnertstel op déi 8. Plaz.

Europameeschterin gouf d’Englännerin Laura Muir, virun der Rumänin Claudia Bobocea an dem Sofia Ennaoui.

Interview Vera Hoffmann
Reaktioun no der Course

Back to Top
CIM LOGO