
E Sonndeg ass et dem Vera Hoffmann gelongen, fir de Lëtzebuerger Rekord iwwer 1500 Meter eng weider Kéier ze verbesseren. Beim Indoormeeting zu Dortmund an Däitschland ass de Chrono no 4 Minutten, 11 Sekonnen an 3 Honnertstel stoe bliwwen. Domadder ass si 1,49 Sekonnen ënnert hirem Rekord vu virun 3 Woche beim CMCM-Indoormeeting an der Coque bliwwen.