Iwwer 1500 Meter hofft d’Athletin vum Celtic, eventuell an d’Finall ze kommen. Déi 12 Bescht kréien nämlech Punkten an der Weltranglëscht. An déi ass wichteg, fir nach eng Chance ze hunn, fir bei den Olympesche Spiller zu Paräis mat dobäi ze sinn.