European Games - LiichtathletikVera Hoffmann wënnt Sëlwer iwwer 1.500 Meter

RTL Lëtzebuerg
Mat hirer Zäit vu 4 Minutten, 8 Sekonnen an 78 Honnertstel koum si an der 2. Divisioun vun der Ekippen-Europameeschterschaft op déi zweet Plaz.
© pressphoto (Archiv)

Wéi de COSL matdeelt, ginn d’Resultater vun der Liichtathletik an de Medailespigel vun de European Games integréiert. Op der Ekippen-Europameeschterschaft an der Liichtathletik goufen elo d’Resultater aus den dräi Divisioune kombinéiert. Dobäi ass also eng Sëlwermedail fir d’Vera Hoffmann erausgesprongen.

D’Patrizia van der Weken hirersäits verpasst als 4. esou just d’Medailen. Si war mat hirer Zäit vun 11 Sekonnen an 23 Honnertstel just eng Dausendstel méi lues wéi d’Hollännerin Seedo, déi Bronze gewonnen huet.

Back to Top
CIM LOGO