
Spiller aus Brasilien (15.128) waren am meeschten an Transferten involvéiert, dat virun Argentinien (7.444), Groussbritannien (5.523), Frankräich (5.027) a Kolumbien (4.287). Déi däitsch Spiller leie mat 1.916 Transferten op Plaz 18.
30 europäesch Veräiner, dorënner eleng 12 aus England, hu bal d’Hallschent vun der gesamter Zomm ausginn. Déi meescht Spiller huet Manchester City mat 130 Spiller, virun Chelsea London (90) an dem FC Barcelona (75) ënner Kontrakt geholl. Insgesamt hunn d’Englänner 12,4 Milliarden Dollar ausginn. Däitschland läit mat 4,4 Milliarden Dollar op Plaz 4.
An dësem Zäitraum huet Benfica Lissabon 331 Spiller verkaaft oder verléint a läit domat op Plaz 1 viru Sporting Lissabon mat 226.
Staark an d’Luucht gaange sinn och d’Provisioune fir d’Spillervermëttler. Dës si vun 131 Milliounen Dollar op 640,3 Milliounen Dollar geklommen.