
Laut engem Communiqué vun 19 Premier-League-Veräiner betrëfft dëst 60 Spiller, déi a 26 verschidde Länner vun der “rouder Lëscht” areesen. Beim Retour missten déi Spiller fir 10 Deeg a Quarantän, wat der Fitness géing schueden.
Mam englesche Futtballverband FA an der englescher Regierung gëtt no Léisunge gesicht, sou heescht et am Communiqué weider.