Futtball am AuslandVfL Bochum wënnt mat 2:0 géint den 1. FC Köln

RTL Lëtzebuerg
Lille a Lyon trenne sech 3:3, Spezia Calcio wënnt 2:1 géint Inter Mailand.
© FEDERICO GAMBARINI DPAdpa Picture-Alliance via AFP

An der 1. Bundesliga stounge sech e Freideg den Owend den 1. FC Köln an de VfL Bochum géigeniwwer. Schonn an der 9. Minutt huet de Stöger fir den 1:0 fir Bochum gesuergt. No der Paus, war an dann nach eemol an der 76. Minutt de Mašović, dee fir den 2:0 Endstand fir seng Ekipp gesuergt huet.

A Frankräich hu sech an der Ligue 1 dann nach OSC Lille an Olympique Lyon 3:3 getrennt.

An Italien stounge sech Spezia Calcio an Inter Mailand géigeniwwer. Hei wënnt Spezia Calio um Enn mat 2:1.

Back to Top
CIM LOGO