Biathlon-WMVictoire an der Poursuite fir d'Julia Simon

RTL Lëtzebuerg
Op der Weltmeeschterschaft am Biathlon an Däitschland fiert d'Julia Simon vun der 10. op déi 1. Plaz, a gewënnt domat Goldmedail zu Oberhof.
© AFP

Bei schwéiere Bedéngungen a villen Niwwel huet op der 10 Kilometer laanger Streck Denise Hermann-Wick hier 1. Plaz aus dem Sprint net ganz verdeedege konnten. An der Poursuite huet d’Lokalmatadorin um Schéissstand 4 mol dernieft geschoss. Mat enger super Laafleeschtung op der Streck fiert si um Enn awer nach als zweet op de Podium, 27 Sekonnen hannert der Gewënnerin Julia Simon. D’Franséisin ass vun der 10 Plaz aus an d’Course gaangen, an huet de Grondstee fir d’Victoire um Schéissstand geluecht.

D’Entscheedung tëscht deenen zwee Athletinnen ass um 4. a leschte Schéisse gefall, wou Denise Hermann-Wick zwee mol d’Ziel verfeelt huet, an d’Julia Simon ebe just eng Kéier. Domat war de Wee frei fir d’Julia Simon.

D’Bronzemedail geet virun 23.000 Spectateueren un d’Norwegerin Marte Olsbu Röiseland.

Back to Top
CIM LOGO