
An der Descente op der Saslong hat bei den Hären iwwerraschend de Bryce Bennett d’Nues vir. Fir den Amerikaner war et déi éischt Victoire iwwerhaapt am Weltcup. Zweete gouf den Éisträicher Otmar Striedinger mat engem Retard vu 0,14 Sekonnen. Komplettéiert gouf de Podium vum Niels Hintermann (+0,32 Sekonnen). De Favorit Aleksander Aamodt Kilde ass no engem Feeler net iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei den Damme konnt d’Sofia Goggia Descente zu Val d’Isère gewannen. Fir d’Italienerin war et den drëtte Succès hannerteneen. Hannendru koumen d’Amerikanerin Breezy Johnson (+0,27 Sekonnen) an d’Mirjam Puchner (+0,91 Sekonnen) op d’Platzen zwee an dräi.