
Um Samschdeg gouf nees an den europäesche Championnater Futtball gespillt.
Um Samschdeg war et och d’Suite vum 11. Spilldag an der Bundesliga. Hei den Iwwerbléck mat de Resultater.
FC Chelsea - Crystal Palace 2:0
1:0 Abraham (52'), 2:0 Pulisic (79')
Fir den FC Chelsea leeft et ënnert dem Trainer Frank Lampard ëmmer besser. An der éischter Hallschent hat d’Lokalekipp eng sëlleche Chancen, ma virum Gol waren d’Spiller ronderëm de Christian Pulisic net effizient genuch. An der 52. Minutt huet et dunn awer am Gol vu Crystal Palace gerabbelt. Den Abraham huet säin 10. Gol an dëser Saison geschoss. An der 79. Minutt huet dunn de Pulisic op 2:0 erhéicht. Dëst sollt och d’Schlussresultat sinn.
Tottenham Hotspur - Sheffield United 1:1
1:0 Son (58'), 1:1 Baldock (78')
Tottenham Hotspurs lafen hirer Topform weider no. Géint den Opsteiger an aktuell Iwwerraschungsekipp vu Sheffield United kënnt d’Ekipp ronderëm den Trainer Mauricio Pochettino net iwwer een 1:1 eraus.
Leicester City - FC Arsenal 2:0
1:0 Vardy (68'), 2:0 Maddison (75')
E Samschdeg den Owend gouf et eng weider staark Leeschtung vu Leicester City. D’Ekipp vum Rodgers konnt sech mat 2:0 géint Arsenal duerchsetzen. Fir d’Goler hunn de Vardy an de Maddison an der 68. respektiv 75. Minutt gesuergt. Leicester bleift duerch dës Victoire op der zweeter Plaz an der Tabell. Mat engem Virsprong vu 5 Punkten an engem Match manner steet Liverpool un der Spëtzt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - Hellas Verona 2:1
0:1 Verre (19'), 1:1 Vecino (65'), 2:1 Barella (83')
Inter Mailand ass et gelongen de Match géint Hellas Verona ze dréinen. Nodeems een no 19. Minutte duerch e Gol vum Verre mat 0:1 hanne loung, huet de Vecino an der 65. Minutt ausgeglach an de Barella huet du kuerz viru Schluss den 2:1 eragesat.
Duerch dës Victoire iwwerhëlt Inter Mailand op d’mannst bis e Sonndeg den Owend d’Spëtzt an der Tabell.
SSC Neapel - CFC Genua 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
SD Eibar - Real Madrid 0:4
0:1 Benzema (17'), 0:2 Ramos (20'), 0:3 Benzema (29'), 0:4 Valverde (61')
A Spuenien hat Real Madrid auswäerts kee Problem géint Eibar. D’Ekipp vum Zidane huet sech mat engem 4:0 déi 3 Punkte geséchert. Schonn an der éischter Hallschent hat de Favorit fir kloer Verhältnisser gesuergt. De Benzema hat an der 17. Minutt den 1:0 geschoss. Duerno konnten de Ramos an der 20. Minutt an de Benzema an der 29. Minutt per Eelefmeter op 3:0 erhéijen. No der Paus huet de Valverde mam 4:0 an der 61. Minutt fir d’Schlussresultat gesuergt.
FC Barcelona - Celta Vigo 4:1
1:0 Messi (23'), 1:1 Olaza (42'), 2:1 Messi (45+1'), 3:1 Messi (48'), 4:1 Busquets (85')
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Stade Brest - PSG 1:2
0:1 Di Maria (39'), 1:1 Grandsir (72'), 1:2 Icardi (85')
De franséische Champion PSG huet sech bei Brest mat 2:1 duerchgesat a bleift domadder souverän un der Tabellespëtzt. An der 39. Minutt waren d’Gäscht duerch den Di Maria mat 1:0 a Féierung gaangen. Brest huet nom Réckstand weider gutt dogéint gehalen an huet sech an der 72. Minutt mam 1:1 duerch de Grandsir belount. De PSG wollt awer net nëmme mat engem Punkt heem goen an esou huet de Champion et dann och fäerdeg bruecht, fir an der 85. Minutt nach den decisive Gol ze schéissen. Den Icardi huet den 2:1 geschoss a fir d’Victoire gesuergt.
OSC Lille - FC Metz 0:0
Keng Goler sinn e Samschdeg den Owend tëscht Lille a Metz gefall. Den Opsteiger dierft sech freeën, fir ee Punkt mat heem kënnen ze huelen.