Cross CountryVictoire fir Christophe Kass an Jenny Gloden

RTL Lëtzebuerg
Bei der Course am Bambësch war d'Wieder dat gréisst Hindernis fir d'Leeferinnen an d'Leefer.
Internationale Cross Country
De Christophe Kass war bei de Männer de Séiersten, bei den Dammen d’enny Gloden.

Beim internationale Cross Country, dee vum CSL organiséiert gouf, war de Christophe Kass bei de Männer de Séiersten. De Leefer vun der Fola huet déi 7 Kilometer am Bambësch no 22 Minutten a 56 Sekonnen absolvéiert. De Sven Remakel, Éischtplacéierten déi lescht Woch zu Esch, koum mat 28 Sekonne Réckstand op déi zweet Plaz, knapp virum Fransous Salvatore Di Caro Catarratto (+ 35 Sekonnen).

Bei den Dammen, wou just aacht Leeferinnen un den Depart gaange waren, huet sech d’Jenny Gloden no 4,2 Kilometer souverän déi éischt Plaz geséchert. D’Leeferin vun der Fola ass no 15 Minutten 11 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gelaf, virum Saskia Daguenet vum CSL (+ 1:05) an dem Carole Kill vum Maacher Liichtathleetiksveräin (+ 1:19).

Back to Top
CIM LOGO