
Allebéid ware si um Depart vum Trail zu Wäicherdang, an allebéid si si op déi 1. Plaz komm. Dobäi huet de Gil véier Tierm begéint a säin zwee Joer jéngere Brudder just een Tuerm. Tower Power Trail, deen Numm passt wéi den Tëppelchen op den I.
De Gil Weicherding hat scho Power gewisen, wéi hie viru kuerzem den nationale Rekord iwwer 2000 Meter Steeple gebrach hat. Zu Wäicherdang mécht et dem 22-järege Sportler Spaass fir ze lafen.
Beim Sony Eschette, der Gewënnerin bei den Dammen iwwer 21 Kilometer, steet de Spaass nach méi am Vierdergrond.
All déijéineg, déi Spaass um Trail empfannen, kënnen den Organisateure souwéi de Benevollen dankbar fir hiren Asaz sinn.
Virum Covid hunn der 300 deelgeholl, elo sinn et der 170.
Wat wéineger Participanten, wat et méi schwéier ass fir déi zwee Enner zesummen ze kréien. Den Opwand ass grouss: um Tower-Power-Trail waren ëmmerhin 5 ASBLen am Asaz. Hoffentlech geet de Power net verluer - d’Tierm, déi wäerte souwisou stoe bleiwen.